„Ech si schwul, domat ass et offiziell.“

Mäi ComingOut Bildsource: iconfinder.com

Mäi Coming Out
Bildsource: iconfinder.com

Moie, Moie léif Leit.

Hei kënnt elo mol e ganz aussergewéinleche Blogartikel. Mä am Kär, ass e guer net sou sensationell.

Obwuel ech selwer ëmmer ganz oppen a liberal mat dem Thema ëmgaange sinn, sou hunn ech dach awer ronderëm, vill Béisaartegkeet gesinn. Nee, net just a Russland.

Villäicht hëlleft mäi Coming-Out, net nëmmen déi vill Skepsis, an dat villt Gediskutéiers iwwert meng Sexualitéit ze klären, mä wéi dee vu villen Aneren, iergendwou och e bësse méi Mënschlechkeet an eis Gesellschaft ze bréngen. Villäicht hëlleft et, anere Mënschen, méi Mutt ze maachen, fir de selwechte Schratt – fir däerfen a kënnen, fräi, wéi ee wëll, a virun allem zesumme mat deenen Aneren, ze liewen. Verschidden international Promien, hunn et d’selwescht gemaach. Ech maachen et, well ech dozou stinn, wat ech sinn. Sou wéi ech mech dozou bekenne, Politiker ze sinn. Sou wéi ech iwwerzeegt konservativ a patriotesch sinn. An ech sinn eben och schwul, an ech si glécklech.

Meng politesch Ëffentlechkeet gefällt mir ganz gutt a mécht mir och vill Spaass – dofir mol en décke Merci och u meng ganz Fanbase, déi mäi ganze Stolz ass. Mä genau esou wichteg ass et awer och fir e Mënsch, fir mol iwwert säi Privatliewen ze schwätzen. Et sollt ee bei Allem ëmmer op säin Häerz lauschteren. Et kléngt alles vläicht e bësse vill poetesch, mä dat wat ech ganz déif gefillt hunn, wéi ech mech dunn tatsächlech déi éischte Kéier an e Jong verléift hunn, war esou schéin, a fir mech esou gutt, datt ech wousst, wat ech wollt a wat anescht war – wat esou sollt sinn, well et sech esou richteg ugefillt huet. Et war e ganz besonnesche Moment a mengem Liewen, dee gutt war, datt e geschitt ass. A menger fréierer Zäit huet mir gefillsméisseg ëmmer eppes gefeelt, an dat ass och dat, wat ech leider net beschreiwe, mä just fille kann.

Dat si Gefiller déi ee spiert, mä iwwert déi een am Ufank net schwätze konnt, virun deenen ee fortleeft, déi een net wollt gesinn, bis zum Punkt, wou ee mat sech selwer richteg eenz ass. Dat sinn ech mat mir, hunn et ni verstoppt, mä hunn et awer och ni un déi grouss Glack gehang. Elo huet meng Meenung geännert, an ech wëll et hei schreiwen, well et näischt méi ass, wéi eng weider Informatioun vu mir, déi ech der Welt dobausse matdeele wëll, a fir déi ech prett sinn.

Dës Informatioun ännert awer näischt. Se ännert näischt u menger Persoun, u menger Politik, mengem Engagement a mengen Iwwerzeegungen. Se ännert näischt vun all dem, wat bis elo war. Dës offiziell Info iwwert mech, mä gläichzäitegen, ale Kaffi, ergänzt just meng Persoun. Se mécht dee Mënsch méi transparent, éierlech a kloer, dee fir Iech de Politiker ass, oder deen dir als Privatmënsch kennt.

Léift ass vun der Natur als Naturgesetz gewollt, an et sollt kee reliéist, ideologescht, philosophescht oder soss wéi vum Mënsch geschafent Gesetz, dës Fräiheet mëssbrauchen, verbidden oder ëmdéfinéieren. Jiddwer Mënsch soll glécklech sinn, an dofir soll all Mënsch d’Recht hunn virun Homophobie geschützt, am Mariage ënnerstëtzt, an am Liewen akzeptéiert ze ginn.

“Ech si schwul, domat ass et offiziell.” 😎

Dieser Beitrag wurde unter Aktuelles, Allgemenges, Lëtzebuerg veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Eine Antwort zu „Ech si schwul, domat ass et offiziell.“

  1. Sabrina schreibt:

    Moien ech wollt sohen das ech dat gut wannen wats de mess wats de ses an och zu dengen Gefiller stehs all respekt an stin och emmer hannert dir egal wat kennt 😉

    Like

Hinterlasse einen Kommentar